Den Erasmus+ Projet „Mehrsprachiges Lesetheater zur Förderung von Lesemotivation und Leseflüssigkeit” (MELT) gouf tëschent 2014 an 2017 vun de Kooperatiounspartner aus Däitschland, der Schwäiz, Eisterräich a Lëtzebuerg eraarbecht.
Bei MELT stinn dramatesch Texter a verschiddenen Unterrechtssproochen am Virdergrond, déi vu Schülerinnen a Schüler haart virgelies ginn, fir dat flëssegt Liesen an all de geléierte Sproochen ze verbesseren, an awer och fir d’Liesmotivatioun ze fërderen.
Op der Homepage vum Projet https://melt-multilingual-readers-theatre.eu fënnt een e Film, dee weist, wéi MELT a verschiddene Schoulen ëmgesat gouf, souwéi och e puer méisproocheg Virliestexter (Leseskripts) mat deenen de MELT-Usaz direkt ausprobéiert gi kann.
Natierlech kënne Léierpersounen och eege Liesskripter mat hire Klassen erstellen an domat e méisproochege Liestheater ëmsetzen.
Bei MELT goufe folgend Aarbechtsschrëtt festgehalen, déi hei fir schouldoheem ofgewandelt goufen:
1) Aféierung an de méisproochege Liestheater (Wourëm geet et?)
2) Virliesen duerch d‘Léierpersoun (Live am Video-Chat oder als Opnam, fir dass d’Kanner et e puermol kënne lauschteren)
3) Liese vun der Liesetheaterszen a Rolleverdeelung (Live oder jidderee fir sech doheem)
4) Eraarbechte vum Contenu vun der Liesetheaterszen (am beschten als Gruppenaarbecht)
5) Virstelle vun de Szenen & den eenzele Figurenrollen (fir den Iwwerbléck ze kréien)
6) Üben vun de Liesrollen a géigensäitege Feedback (Eenzelaufgab a méi spéit Zesummenaarbecht an der Grupp)
7) Generalprouf a Feedback (Muss an der Grupp stattfannen an duerno der ganzer Klass zur Verfügung gestallt ginn)
8) Opféierung (Gemeinsam Audio- oder Videoopnam)
- Méisproocheg Virliestexter (Leseskripts)
- Tool fir Videochat fir dat gemeinsamt Üben vun den Texter resp. fir d’Opnam vun der Ofschlosspräsentatioun
- D‘Schülerinnen a Schüler kënne selwer Texter auswielen, zesummen iwwersetzen an als Liesskript ëmschreiwen
- Och eegen Textproduktioune kënnen zum Asaz kommen (erfonnte Geschichten, Erzielunge mat engem biografeschen Hannergrond, asw.)
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: