Book Creator – Aktivitéit fir dʼLiesverstoen

Beschreiwung

Kreéier e Billerbuch op Basis vun engem Liestext, mat Hëllef vum Programm „Book Creator“.

Oflaf

Schrëtt 1: Enseignante / Enseignant

Sich en Text zu enger bestëmmter Theematik a schéck deen un een oder u méi vun denge SchülerInnen. Am beschten eegent sech heifir e literareschen Text mat vill Handlung, deen nach net vu Biller begleet gëtt. Den Text muss natierlech dem Niveau vum Liesverstoe vun de SchülerInnen entspriechen an e muss an enger fir si verständlecher Sprooch redigéiert sinn.

Schrëtt 2:

Erklär denge SchülerInnen, datt se fir dʼéischt den Text ganz liesen an déi onbekannte Wierder nosiche mussen, éier se „Book Creator“ kënne benotzen.

Schrëtt 3:

Elo kënnen dʼSchülerInne „Book Creator“ opmaachen.

Als Enseignante/Enseignant muss du hinnen Zougang zu enger oder méi Bibliothéike ginn, duerch en einfache Link oder duerch e Link mat Passwuert. Dat geet besonnesch einfach via E-Mail oder an der Aarbechtsgrupp (Teams, Classdojo etc.).

Et ass dir iwwerlooss, aus dëser Aufgab eng Gruppenaarbecht ze maachen oder all Kand eleng schaffen ze loossen, du muss just déi entspriechend Astellunge wielen.

Schrëtt 4:

Elo kënnen dʼKanner mam Illustréiere vun hirem Billerbuch op Basis vum Text, dee se gelies hunn, ufänken.

Wann se nach Froen hunn an net direkt all dʼFunktioune verstinn, kanns du se op den Tutorial zum „Book Creator“ hiweisen.

Schrëtt 5:

Als Enseignante/Enseignant gesäis de, wourun dʼSchülerInne schaffen an du kanns hinnen Tippen, Ureegungen a Feedback ginn.

Méi spéit kënnen dʼKanner hir Billerbicher mat anere Kanner tauschen. Ausserdeem kënnen se hiren Text mat der Audiofunktioun och vertounen.

Material

Hei e Beispill:

Lies den Text: „Der kleine Bär und der schöne Schneemann“ vum Elke Bräunling

https://www.elkeskindergeschichten.de/2014/01/25/der-kleine-baer-und-der-schoene-schneemann/

Resultat mat „Book Creator“

Der kleine Bär und der schöne Schneemann

 

Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.

IAM

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: