Beschreiwung
Eltere kënnen hire Kanner duerch dës Virlies-Method hëllefen sech beim flëssege Liesen a beim Liesverständnes ze verbesseren. Dat ass wichteg fir dass sech grondleeënd Liesprozesser wéi d’Wuerterkennung beim Kand automatiséiere soudass et Schrëtt fir Schrëtt léiert ze liesen. De Liestandem es eng erproufte Method, déi ongeféier 20 Minutten dauert a sech gutt zu zwee doheem maache léist.
Oflaf
Fir d’éischt sicht Dir iech en kuerzen Text raus (ongeféier 200-300 Wierder). Dann liest Dir an Äert Kand den Text zu zwee zesummen haart fir. Dir féiert Äert Kand duerch den Text a gitt him Sécherheet, andeems dir mam Fanger lues d’Wierder matliest. Äert Kand soll Iech dobäi begleeden, andeems et haart matliest. Wann Äert Kand sech verliest, stoppt, widderhuelt dat Wuert a fänkt de Saz zesummen erëm vu fir un. Erkläert Ärem Kand déi schwéier Wierder. Passt drop op, Äre Liesrhythmus deem vun Ärem Kand unzepassen.
Liest dësen Text zu zwee op mannst véier Mol, bis dass Äert Kand sech sécher spiert an den Text ouni Feeler liese kann. Wann Äert Kand den Text ouni Är Hëllef liese kann, da soll et och kënnen eleng weiderliesen.
Huelt w.e.g eréischt de nächsten Text zur Hand, wann Dir sécher sidd, dass Äert Kand den éischten Text flësseg liese kann. Wann dat de Fall ass, kann den Dag drop eng nei Textpassage an Ugrëff geholl ginn.
Et soll een am beschten net méi wéi 15 Minutten um Stéck liesen, Äert Kand muss sech beim Liestandem immens konzentréieren.
Material
Den Text kann aus engem Kannerbuch, engem Liesbuch aus der Schoul oder zum Beispill e Gedicht oder en Deel aus engem Sachtext sinn. Den Text dierf net ze schwéier sinn a sollt dem Liesniveau vum Kand ugepasst sinn.
Tipps an Tricks
Vergiesst w.e.g. net Äert Kand reegelméisseg ze luewen, wann et schwéier Wierder richteg liese kann a Progrèse gemaach huet. Méi al Geschwëster kennen och d’Aufgab vum Liespartner iwwerhuelen.
Weiderféierend Links
Eng flott Auswiel u Kanner- a Jugendbicher fannt Dir ënner:
https://schouldoheem.lu/lu/activites/comprehension-ecrite-comprehension-orale/ebookidscom
https://schouldoheem.lu/lu/activites/leseverstehen/bibliotheque-numerique-de-litterature-de-jeunesse-libre
Praktesch Beispiller fir den Oflaf vun engem Lies-Tandem fannt Dir am Internet ënner:
https://www.lesen.bayern.de/lesefluessigkeit/ oder
https://www.youtube.com/watch?v=rGjuGTYDPwE
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: