kulturgeschicht.lu

Kulturgeschicht vu Letzebuerg

A Kooperatioun mat der Uni Lëtzebuerg an dem Centre national de l’audiovisuel (CNA) huet de Script den Internetsite www.kulturgeschicht.lu an d’Liewe geruff, dee sech un d’Schülerinnen a Schüler aus dem Secondaire classique a general riicht, mee awer och fir de Grand public ganz interessant ass.

 

De ganze Site dréint sech ëm d’lëtzebuerger Kulturgeschicht, déi ee vaste an ofwiesslungsräicht Fuerschungsgebitt ass. De Site ass a verschidden Themeberäicher opgedeelt, wéi d’Geschicht vum Theater, déi wirtschaftlech a sozial Geschicht vum Land, d’Mediegeschicht, den immaterielle Patrimoine asw. D’Plattform ass a Kapitelen ënnerdeelt. Hei fënnt een Contributioune vu wëssenschaftlechen Experten.

 

Duerch eng Konventioun mam CNA an d’Zesummenaarbecht mat enger sëllegen anere kulturellen oder wirtschaftlechen Acteuren konnten d’Texter mat historesche Quellen (Fotoen, Audioopnamen, Filmer asw.) hannerluecht ginn.

Fichiers à télécharger

Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.

IAM

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: