Rudolf Jakkels / Pexels

Komm, mir ginn an de Bësch!

De Bësch ass Spillplaz, Zauberwelt, Schatzkëscht, Virwëtztut a villes méi. Roueg a lieweg, waarm a kal, hell an däischter, naass an dréchen, brong a faarweg – de Bësch ass ëmmer erëm anescht an dacks alles zur selwechter Zäit. Dofir ass en och fir Kanner ëmmer rëm nei a flott. Et gëtt gelaf a gesprong, gekroch a geklomm. Doniewent gëtt et villes fir ze kucken an ze lauschteren, ze richen an ze fillen, ze zielen an ze erzielen.

Fichiers à télécharger

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: