iMovie ass eng gratis Applikatioun vun Apple fir Filmer an Trailer ze erstellen an ze beaarbechten. Si bitt villfälteg Méiglechkeeten an ass dobäi iwwersichtlech an einfach ze handhaben. Interessant ass, dass een ganz einfach Fotoen, Biller an Tounopnamen kann afügen. Flott Soundeffekter, Museken an d´Méiglechkeet de Film ze vertounen ronnen dat ganz of. Ass de Film da fäerdeg, kann een en direkt an de OneDrive oder Teams eroplueden.
Mat iMovie kann een zum Beispill ganz flott praktesch Couren ophuelen an de Schüler zur Verfügung stellen. Dëse YouTube-Video weist e konkret Beispill, wéi een iMovie fir en Atelierscours kann asetzen.
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: