forum papers

forum papers

Duerch d’Konventioun mat der Zäitschrëft forum kann den SCRIPT reegelméisseg Spezialeditiounen verëffentlechen: d’forum papers. Ausschliisslech bestëmmt fir Enseignantë an Schüler abordéieren d’forum papers sozial, politesch an kulturell Themen an dëst aus interessante Bléckwénkel.

All Ausgab fänkt mat enger Introduktioun an d’Thema vum Dossier un, dann kommen dréi bis véier fundéiert Artikelen an Interviewen mat engem Branchen-Expert (Politiker, Chercheur, Zäitzeien etc.). Dem Lieser gëtt eng historesch Perspektiv gebueden, well ëmmer op fréier forum Artikel mat selwechtem Sujet verwisen gëtt. D’Haaptthema gëtt an engem innovativen Format presentéiert, nämlech an enger Infographik, déi Statistiken, Zitater an verschidden Daten mateneen verbënnt. Des Infographik gëtt vun engem Artikel begleet, deen déi gesammelt Daten resuméiert, kommentéiert an hir Stäerkten an Schwächen duerstellt.

Déi verschidden Ausgaben kënnen online gelies oder erof gelueden ginn. D’Infographiken kënnen och separat consultéiert ginn.

Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.

IAM

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: