Soulaang déi aussergewéinlech Zäit vum Confinement undauert, ënnerstëtzt d’Eltereschoul d’Eltere mat engem Elterebréif, deen all Woch erauskënnt, an dee sech mat deenen aktuellen Theme beschäftegt. Am Moment ginn dës Bréiwer vun de Schouldirektiounen an den Enseignanten un d’Elteren diffuséiert, well si reegelmässeg Kontakt zu den Elteren hunn. Et kann een dës Elterebréiwer och bei der Eltereschoul selwer abonnéieren, oder vun elo un hei um Site „Schouldoheem“ liesen.
D’Eltereschoul vun der Stëftung Kannerschlass ass ee Service, dee sech präventiv un d’Eltere riicht fir si am Alldag mat hirer Famill ze ënnerstëtzen. D’Aktivitéite vun der Eltereschoul fannen ëmmer am Grupp statt, an d’Eltere kënne begleed gi vun der Schwangerschaft bis an den Erwuessenenalter vun hire Kanner. Fir d’Elteren ze erreechen huet d’Eltereschoul Partenariater opgebaut mat Crèchen, Maison Relaisen, Schoulen, Gemengen a villen anere Servicer, déi am Alldag Eltere begéinen an encadréieren. Dësen Institutioune bitt d‘Eltereschoul ee Katalog mat Themen un, awer och spezifesch Projeten „sur mesure“, déi sech un de Besoinen vu den Elteren orientéieren. Den aktuelle Programm, sou wéi och den Themekatalog an all weider Informatioune fënnt een um Internet ënner www.kannerschlass.lu .
Och an dëser exceptionneller Zäit ass d’Elterschoul weider fir d’Elteren do. D’Epidemie an och de Confinement hunn d’Liewe vun eis all staark verännert an d’Familljen viru ganz nei Erausfuerderunge gestallt: Keng Betreiungsstrukture méi an doheem Teleaarbecht an Homeschooling organiséieren, mat Kanner a Jugendlecher, déi all hir sozial Kontakter hu missten opginn.
An dëser Situatioun ass d’Iddi entstanen, mat Hëllef vun den Enseignanten a mat den Elterebréiwer, eng Bréck zu den Elteren ze schloen. D‘Eltereschoul informéiert esou mat nëtzleche Messagen iwwer Themen, déi elo an de Familljen wichteg sinn.
Wann Där weider Froen hutt oder interesséiert sidd d’Elterebréiwer direkt geschéckt ze kréien, kontaktéiert d’Eltereschoul iwwer Mail: eltereschoul@kannerschlass.lu .
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: