D’Websäit www.eduart.lu ass déi offiziell Onlineplattform vum Fach Konscht zu Lëtzebuerg (ESC an ESG) an proposéiert dem Grand Public, Schüler, Léierpersonal an allen aneren Konschtamateuren eng Vitrinn mat all méiglechen Facetten aus der Branche.
D’Visiteuren fannen nëtzlech Links op déi offiziell Säiten vum MENJE, vun den Lycéeën an vun den nationalen wéi regionalen kulturellen Institutiounen. Vun lëtzebuergeschem Léierpersonal entwéckelt pedagogescht Material kann zur kreativer Inspiratioun consultéiert an/oder gedownloat ginn.
Den Grand Public kann sech bestoend Programmer, Evenementer an kulturell Offeren ukucken. D’Léierpersonal huet iwwer den IAM-Login (Identity and Access Management) Accès op dat pedagogescht Material. D’Enseignantë kennen deen fir si interessante Contenu erof lueden an hiren Besoinen no upassen. Déi proposéiert Struktur bitt d’Méiglechkeet no Klass, Fach oder gewielter Technik ze sichen.
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: