efrançais.lu

efrançais.lu : Déi spilleresch App fir de Cycle 2

Déi spilleresch App app.efrancais.lu fir d’Schüler/-innen aus dem Cycle 2 gouf am Sënn vun engem educative Spill entwéckelt, dat deene Jonken, déi léieren, et erlaabt, d’Uwende vum Vocabulaire aus dem Léierbuch Salut, c’est parti! ze üben an d’Lidder ze lauschteren.

D’App setzt sech aus den dräi Deeler Dictionnaire, Quiz a Lidder zesummen.

• Den Dictionnaire weist fir all Vokabel eng Koppel aus Bild/Toun (geschwaten Ausdrock).

• Beim Quiz kritt de Benotzer/d’Benotzerin ofwiesselend Froen zu engem Bild oder engem geschwatem Ausdrock gestallt an et gi bis zu 3 Stäre pro Äntwert verdeelt, jee nodeem wéi dacks probéiert gouf. Vu gewëssene Scoren u verdeelt d’App Badgen un d’Spiller/-innen, fir se domat ze motivéieren, d’Exercicen nach eemol ze maachen an esou e Maximum u Stären ze sammelen. D’Benotzer/-inne kommen no an no zu de Vokabele vun den nächsten Eenheeten, andeems se Stäre sammelen.

• Den drëtten Deel vun der App bitt d’Méiglechkeet, fir op individuell Manéier d’Lidder vu Salut, c’est parti ! ze lauschteren, déi vum MENJE produzéiert goufen.

D’Benotzer/-innen, déi iwwer den IAM (Identity and Access Management) authentifizéiert sinn, kënnen iwwregens de Score an hirem Profil späicheren an och déi Lidder vu Salut, c’est parti! lauschteren, déi vu CLE International produzéiert goufen. Den Tutorial, deen een um Site www.efrançais.lu fënnt, erkläert d’Authentifizéierung iwwer den IAM: https://efrancais.lu/tutoriels.

Aus technologescher Siicht handelt et sech ëm eng progressiv Web-App, déi grad esou gutt op fixe Computeren oder Laptoppe funktionéiert wéi op mobillen Apparater wéi engem Tablet oder engem Smartphone.

Fichiers à télécharger

Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.

IAM

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: