MathemaTIC

MathemaTIC

Op der digitaler Léier-Plattform MathemaTIC fënnt een Unterrechts-Eenheeten, Tester a praktesch Übungen souwéi weider digital Outilen, déi d’Schülerinnen a Schüler zu enger konstanter Weiderentwécklung motivéieren. MathemaTIC ëmfaasst e groussen Deel vun de wichtegsten mathematesche Sujete, wéi Grondrechenaarten, Algebra, Problemléisung a Geometrie. 

Schülerinnen a Schüler schaffe sech duerch interaktiv Moduler, déi hier bestehend Virkenntnisser mobiliséieren a sech dann u neien erreechte Kompetenzniveauen upassen. Selbststänneg Léierprozesser ginn esou duerch Benotze vun ënnerschiddleche Léierstrategien gefördert. 

Uganks gouf MathemaTIC un Bedierfnisser vu Schülerinnen a Schüler aus dem Cyclen 3 a 4 aus dem EF an den ënneschte Klassen aus dem ES ausgeriicht. De System vu MathemaTIC léisst sech awer einfach un aner Schoulstufen upassen. 

D‘Plattform erreecht een iwwer den Identity Access Management (IAM)-System. 

De Site ass an de Sproochen Englesch, Franséisch, Däitsch a Portugisesch verfügbar. 

Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.

IAM

Helpline

Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: