Informatioun: Dës Offer ass fir d’Enseignanten an d’Schüler geduecht an den Zougrëff ass just mat engem IAM-Konto méiglech.
De Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse (MENJE) huet all Enseignanten a Schüler am Enseignement secondaire op Educ’ARTE, de Bildungsservice vun der europäesche kulturellen Tëleeschaîne ARTE, abonéiert. Doduerch hu si Zougrëff op e Katalog vun iwwer 1000 Videoen a Programme vun ARTE, deenen hiren edukative Wäert zënter laangem unerkannt ass (Le Dessous des Cartes, Karambolage, etc.).
Dës Inhalter sinn op Franséisch, Däitsch an Englesch disponibel, fir d’Léiere vu Sproochen ze fërderen an de Multilinguismus ze ënnerstëtzen. Einfach a praktesch Outilen erlaben et den Enseignanten a Schüler an der Klass, wéi och doheem, mat de Videoen ze schaffen.
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: