Léiw Elteren,
Et ass eng schwiereg Aufgab, Iech als Elteren a virun allem als Eltere vu Kanner mat spezifesche Besoinen, hei op dëser Plaz Hëllef an Ënnerstëtzung unzebidden. Déi aktuell Situatioun ass fir Iech als Elteren, awer och fir Är Kanner an dat ganzt Ëmfeld ongewinnt an zum Deel immens belaaschtend.
Oft stellt sech déi ,,normal‘‘ Hausaufgabensituatioun als eng grouss Erausfuerderung duer. Dës Erausfuerderung stellt sech elo all Dag, an net nëmmen am Moment vun den Hausaufgaben, mee och fir alles Aneres: de Cours doheem, d’Spillen, d’Familljeliwen eventuell och den Homeoffice asw.
Dat stellt net nëmmen den Alldag op d’Kopp, mee kann och d’Bezéiung Elteren-Kand op d’Prouf stellen.
Hei fannt Dir e puer Tipps/Iddien, fir méiglechst gutt duerch dës schwiereg Zäit ze kommen.
Ganz wichteg: Sëtzt iech net ze vill ënner Drock! Dir leescht am Moment Groussaarteges!
Dës Säit ass fir Schülerinnen a Schüler souwéi fir d'Léierpersonal reservéiert. Loggt Iech wgl. hei drënner an.
Wann Dir Froen hutt oder psychologesch Betreiung braucht, da rufft w.e.g. d'Nummer 8002 9090 un oder fëllt folgende Formulaire aus: