Léif Schüler, léif Elteren, léif Enseignanten,
Schouldoheem ass een Internetsite, dee wärend der sanitärer Kris an d’Liewe geruff gouf an deen an Tëschenzäit seng Preuvë gemaach huet. Iwwer de Summer hunn nees dausende vun Iech déi thematesch Dossieren erofgelueden, déi fir d'Summerschool ausgeschafft goufen.
Schouldoheem bleift och an den nächste Méint a Joren eng wichteg Stäip fir déi, déi Material siche fir doheem ze schaffen. D’Offer gëtt no an no weider ausgebaut an un d’Besoinen ugepasst.
Schouldoheem ersetzt kee Cours an der Schoul, ma e kann awer eng sënnvoll Ergänzung sinn, zum Beispill fir en Theema ze verdéiwen oder fir sech wärend enger Vakanz ze preparéieren.
Schouldoheem, dat ass awer awer och d’Helpline 8002-9090, un déi Dir Iech mat Froen zu der Schoul kënnt wenden.
Bescht Gréiss
Claude Meisch
Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend