< retour
Zënter dem Summer 2020 bidden déi ëffentlech Schoulen optional a gratis Widderhuelungscoursen als Deel vun der Summerschool un. Dëst Joer wäerte se vum 4. bis de 14. September 2023 stattfannen. D'Summerschool war am Ufank geduecht, fir Schüler a Schwieregkeeten ze hëllefen, fir eventuell Lacunen am Zesummenhang mat der COVID-19 Kris ze kompenséieren. Duerch d'Weiderféiere vun der Offer bestätegt de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend d'Wichtegkeet, déi en op Nohëllef leet, am Aklang mam Regierungsprogramm 2018-2023. Zousätzlech Hëllef am Allgemengen, an d’Summerschool am Speziellen, gehéieren zum Arsenal vun der Politik fir d’Reduktioun vun der sozialer Ongläichheet.
Theematesch Dossiere fir d’Summerschool oder doheem
Wéi an de Jore virdru baséieren d'Widderhuelungscourse vun der Summerschool op den theemateschen Dossieren, déi vum Service de coordination de la recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) fir d’Sproochen an d’Mathematik vun de Klasse vum C2.1 bis op 4e entwéckelt goufen. Dës Dossieren si mam IAM vum Schüler op dëser Säit www.summerschool.lu vum 14. Juli bis de 15. September 2023 zougänglech. Si enthalen och Modellkorrekturen a kënnen also onofhängeg oder mat Hëllef vun den Elteren zu all Moment an der Schoulvakanz benotzt ginn.
https://men.public.lu/fr/actualites/communiques-conference-presse/2023/…
Si vous avez des questions ou désirez profiter d’un suivi psychologique, vous pouvez contacter le service d’assistance au numéro suivant : 8002 9090 ou utiliser le formulaire en ligne suivant :